Posing on the couch - mam Gene Posing am Dialog
Mäin Numm ass Gene Posing. An mengem Podcast hun ech e labberen, ongezwongenen Austausch mat Perséinlechkeeten aus der lëtzebuerger Sportswelt, Kultur a Politik. Iwwert d'Medien bilden mir eis séier eng Meenung iwwert eng Persoun. Den Domm geet erof oder den Domm geet erop.Ech wëll mir de Raum an d'Zäit ginn fir mat iech zesummen rauszefannen wéi den Invité tickt an wéi hien zu der Persoun ginn ass déi hien haut ass.Ech schwätzen zesumen mam Invité iwwert déi Themen déi dem breede Publikum vläicht net sou bekannt sinn an ech géing mech freeën wanns dzu dobäi wiers.
Posing on the couch - mam Gene Posing am Dialog
Reichling Twins - Lex & Laurent
•
Gene Posing
Use Left/Right to seek, Home/End to jump to start or end. Hold shift to jump forward or backward.
Et kennen vill Leit de Lex an de Laurent well si national an awer och international sportlech vill gutt Resultater opzeweisen hun. Vëlo, Cyclocross, Lafen, Duathlon sinn déi Sportarten wou si de Coursen hieren Stempel konnten opdrécken.
An deser Episod erzielen si 2 eis wéi et ass "Zwilling" ze sinn, wéi si sech an hierem Beruff gesinn an wéi si sech uleeën fir hier Projet'en op d'Been ze stellen.
Ech hunn mech immens gefreet si a mengem Podcast begréissen ze däerfen, an war iwwerrascht wéi oft si als Zwillingen trotzdem ganz ënnerschiddlech kënnen sinn.