Posing on the couch - mam Gene Posing am Dialog
Mäin Numm ass Gene Posing. An mengem Podcast hun ech e labberen, ongezwongenen Austausch mat Perséinlechkeeten aus der lëtzebuerger Sportswelt, Kultur a Politik. Iwwert d'Medien bilden mir eis séier eng Meenung iwwert eng Persoun. Den Domm geet erof oder den Domm geet erop.Ech wëll mir de Raum an d'Zäit ginn fir mat iech zesummen rauszefannen wéi den Invité tickt an wéi hien zu der Persoun ginn ass déi hien haut ass.Ech schwätzen zesumen mam Invité iwwert déi Themen déi dem breede Publikum vläicht net sou bekannt sinn an ech géing mech freeën wanns dzu dobäi wiers.
Posing on the couch - mam Gene Posing am Dialog
Martine Hansen - Surfen um Stau
•
Gene Posing
Use Left/Right to seek, Home/End to jump to start or end. Hold shift to jump forward or backward.
D'Martine Hansen ass haut bei mir am Podcast. Als Quereinsteiger ass d'Martine an d'Politik komm an huet mëttlerweil eng fest Plaaz an der Chamber.
Mir kennen d'Politikerin aus dem Eisléck als Fra déi riicht eraus ass a kee Blaat virun de Mond hëllt an an der CSV hier Fra steet.
An dëser Episod léiers du nei Säiten vum Martine kennen a gëss e.a .och gewuer wéi de J.-C. Juncker d'Martine "iwwerzeegt" huet fir Ministerin ze ginn.