Posing on the couch - mam Gene Posing am Dialog
Mäin Numm ass Gene Posing. An mengem Podcast hun ech e labberen, ongezwongenen Austausch mat Perséinlechkeeten aus der lëtzebuerger Sportswelt, Kultur a Politik. Iwwert d'Medien bilden mir eis séier eng Meenung iwwert eng Persoun. Den Domm geet erof oder den Domm geet erop.Ech wëll mir de Raum an d'Zäit ginn fir mat iech zesummen rauszefannen wéi den Invité tickt an wéi hien zu der Persoun ginn ass déi hien haut ass.Ech schwätzen zesumen mam Invité iwwert déi Themen déi dem breede Publikum vläicht net sou bekannt sinn an ech géing mech freeën wanns dzu dobäi wiers.
Posing on the couch - mam Gene Posing am Dialog
Ralph "Dizzy" Diseviscourt - "Ma...wou fiert hien nëmmen hinn?"
•
Gene Posing
Use Left/Right to seek, Home/End to jump to start or end. Hold shift to jump forward or backward.
Den Ralph huet et national an international färdeg bruëcht datt "Ultracycling" keng exotesch Sportart méi ass. Duerch séng Rekorder ass d'Veloswelt opmierksam ginn op den Dizzy an am Ausland stoung hien quasi bei all Course uëwen um Podium. Wéi gesäit de Ralph säin Hobby, eng Sportart wou hien méi Kilometeren um Vëlo fiert wéi déi meescht Leit mam Auto?
"Dee spënnt jo...", "Dat ass eng Maschinn", Firwat mëcht ee Mënsch sou eppes?"
Vläicht kanns du dirmat dëser Episod ee méi differenzéiert Bild machen vun engem Eislécker Jong den seng Grenzen ëmmer méi wäit schéngt ze réckelen.