Posing on the couch - mam Gene Posing am Dialog
Mäin Numm ass Gene Posing. An mengem Podcast hun ech e labberen, ongezwongenen Austausch mat Perséinlechkeeten aus der lëtzebuerger Sportswelt, Kultur a Politik. Iwwert d'Medien bilden mir eis séier eng Meenung iwwert eng Persoun. Den Domm geet erof oder den Domm geet erop.Ech wëll mir de Raum an d'Zäit ginn fir mat iech zesummen rauszefannen wéi den Invité tickt an wéi hien zu der Persoun ginn ass déi hien haut ass.Ech schwätzen zesumen mam Invité iwwert déi Themen déi dem breede Publikum vläicht net sou bekannt sinn an ech géing mech freeën wanns dzu dobäi wiers.
Posing on the couch - mam Gene Posing am Dialog
Raphaël Stacchiotti - fräigeschwommen am "richtege" Liewen
•
Gene Posing
Use Left/Right to seek, Home/End to jump to start or end. Hold shift to jump forward or backward.
De Raphaël Stacchiotti ass haut bei mir am Podcast. Et wäert laang daueren bis erem eng Kéier ee Lëtzebuerger dat toppt wat de Raphaël fäerdeg bruecht huet. Mat nëmmen 16 Joer huet hien op sengen éischten olympesche Spiller de Fändel op der Eröffnungszeremonie gedroën. Op 4 olympeschen Spiller huet de Raphaël deelgeholl. De Sprong an déi "normal" Beruffswelt huet hen och gemeeschtert.
Wat huet gefeelt dat hien et bis an d'Weltspëtzt gepackt hätt?
Wéi kuckt hien elo op seng impressionnant Karriär zréck an wat si seng Liewensprojeten?
Lauschter an des Episode ran, dann gëss du flott Säiten vum Raphaël gewuer.