Posing on the couch - mam Gene Posing am Dialog
Posing on the couch - mam Gene Posing am Dialog
Dan Spogen - huet de Forrest Gump eng gëllen Auer?
Use Left/Right to seek, Home/End to jump to start or end. Hold shift to jump forward or backward.
Den Dan Spogen ass haut bei mir op der Couch. Ween kennt de sympatheschen Eislécker néck? Schon gläich 20 Joer ass den Dan als Entertainer aktiv. Hien huet et fäerdeg bruecht relativ séier en RTL-Gesiicht ze ginn an ass vläicht den eenzegen Moderator den mat senger spontaner Manéier bei all Alterskategorie gutt ukënnt. Eng CD fir Kanner ophuëlen, an engem Film matspillen, op Nationalfeierdag virun der Kathedral mam Dilli den Outfit vun eise Politiker ënnert d'Lupp huëlen, am Piccobello d'Rad dréine lossen, am Familienduell d'Froë stellen...den Dan huet schonns bal alles ausprobéiert. Wéi ass den Dan zu senger Passioun komm? Wéi geet den Dan mat sengem Prominentestatus em? Lauschtert ran an macht iech ee Bild vum sympatheschen "Weelzer Jong".