Minett Mash-Up: De Podcast

Episod 15: Mahmoud Hashoush X Minett Biosphere Youth Forum

July 28, 2023 Minett UNESCO Biosphere, IK-CNCI & MUAR Season 2 Episode 15
Episod 15: Mahmoud Hashoush X Minett Biosphere Youth Forum
Minett Mash-Up: De Podcast
More Info
Minett Mash-Up: De Podcast
Episod 15: Mahmoud Hashoush X Minett Biosphere Youth Forum
Jul 28, 2023 Season 2 Episode 15
Minett UNESCO Biosphere, IK-CNCI & MUAR

Kontaktéiert eis

Dësen Episod vum Minett Mash-Up danzt e bëssen aus der Rei. Mer sinn ausnamsweis net um Minett Trail ënnerwee, mä maache Statioun um Minett Biosphere Youth Forum, dee vum 12. bis de 16. Juli am Naturschutzzentrum Ellergronn organiséiert gouf. Bei dësem Jugendforum ass et drëms gaangen, datt déi knapp 20 Participanten aus 5 europäesche Länner gemeinsam eng Sensibiliséierungscampagne fir de Schutz vun de Kärzone vun eisem Biosphärenreservat auszeschaffen.

Eise Gaascht: Mahmoud Hashoush

Als Gespréichspartner hu mir fir dësen Episod de Mahmoud Hashoush ausgewielt. De Mahmoud kënnt aus dem Libanon a war 2022 bei der éischter Editioun vum Minett Biosphere Youth Forum als Participant dobäi.

Nëmmen e puer Méint drop ass hie fir e Stage vu 6 Méint an eist Biosphärereservat komm an dëst Joer war hien an enger hybrider Roll bei der zweeter Editioun vum Jugendforum dobäi. Engersäits huet hien aktiv um Design vun der Sensibiliséierungscampagne matgeschafft, mä hien hat awer och en Atelier iwwer „Ecosystem services“ gehalen.

D’Konzept vun den Déngschtleeschtungen, déi Ökosystemer eis bidde kënnen ass den Haaptsujet vun eisem Gespréich mam Mahmoud, mä och seng Liewensrees duerch ewell 5 Länner op 3 Kontinenter sinn e Sujet vum 15. Episod vun eisem Podcast.

Nom Gespréich mam Mahmoud léiert dir awer och nach zwou wieder Participanteë vum Jugendforum, déi mer no hiren Impressioune vun der Minett UNESCO Biosphere gefrot hunn.

De Minett Biosphere Youth Forum gouf ënnerstëtzt vun der André Losch Fondation, Erasmus+, der UNESCO Kommissioun Lëtzebuerg, der ANF an dem Ministère de l'Énergie et de l'Aménagement du Territoire.

Méi Detailler a Biller: https://bit.ly/mmu_season2

De Minett Mash-Up ass eng gemeinsam Initiativ vun der Minett UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI (Centre National de la Culture Industrielle) an dem MUAR (Musée vun der Aarbecht).

Déi komplett Shownotes vun dësem Episod, mat all de Links an Informatiounen, esou wéi all déi aner Minett Mash-Up Podcasts fannt dir op:
https://bit.ly/mmu_season2

Followed eis op Instagram

Show Notes