
Minett Mash-Up: De Podcast
Minett Mash-up – de Podcast, deen iech mat op d’Rees hëlt!
All Mount invitéiere mir interessant Gäscht aus ganz ënnerschiddleche Beräicher an entdecke mat hinne spannend Plazen am Süde vum Land.
Léiert mat eis déi eenzegaarteg Natur, historesch Sitten a kreativ Initiativen aus der Regioun kennen.
Är Hosts: Yann Logelin vun der Minett UNESCO Biosphere, Anna Monaco / Maria Spada / Loréna Jarosz vum IK-CNCI (Industriekultur – Centre national de la culture industrielle), Marieke Jarvis vum MUAR (Musée vun der Aarbecht).
Musek: Ragner (https://linktr.ee/ragnerdub).
Minett Mash-Up: De Podcast
Episod 37: Michel Wolter & Yves Cruchten X Museksschoul Käerjeng
An dësem Episod vum Minett Mash-Up begéine mir zwee weidere Gemengepolitiker aus enger vun der Gemenge vum Lëtzebuerger Biosphärereservat. Dës Kéier si mer an der Gemeng Käerjeng an ënnerhalen eis mam Michel Wolter a mam Yves Cruchten. En dësem Episod vum Minetter Wanderpodcast geet et mat den zwee Politiker ëm hir Erfarungen an der nationaler a lokaler Politik, d'Industriekultur vun hirer Gemeng, e méigleche Béiermusée an d'Erausfuerderunge vun der Zukunft.
Location vum Mount: Käerjenger Museksschoul
D'Käerjenger Gemeng ass mat 34 km² déi gréisste Gemeng vun der Minett Biosphere. Als eenzeg Gemeng aus dem Kanton Capellen déi zur Biosphär gehéiert, huet se eng besonnesch Positioun.
Am Moment ass d'Gemeng an engem Provisorium ënnerbruecht, well d'Gemeng en neit Gemengenhaus kritt, wat dat aalt aus den 1960er Joren ersetze wäert, sinn d’Bureau op déi al Spillschoul, d’Gemengenatelieren an d’Käerjenger Museksschoul verdeelt ginn. Dat nei Gebai ass awer e Sujet, well et dat éischt Gebai vun enger ëffentlecher Verwaltung zu Lëtzebuerg soll sinn, wat komplett ouni externen Heizsystem funktionéiere soll.
Eis Gäscht: Michel Wolter & Yves Cruchten
De Michel Wolter, fréiere Minister, laangjärege Parlamentarier a säit 15 Joer Buergermeeschter vu Käerjeng, ass mat sengen iwwer 40 Joren Erfarung en alen Hues an der Politik, deen awer nach ëmmer Spaass u sengen Aufgaben huet a speziell u sengem Job als Buergermeeschter vun der Fusiounsgemeng Käerjeng, déi aus de Gemengen Nidderkäerjeng a Kënzeg ervirgaang ass.
Den Yves Cruchten ass zënter de leschte Gemengewale Schäffen zu Käerjeng a Member am Comité vum Gemengesyndikat PRO-SUD, dee fir d’Gestioun vun der Minett Biosphere zoustänneg ass. Hien ass Deputéierten an der Chamber an aktive Member vun der parlamentarescher Versammlung vum Europarot zu Stroossbuerg.
De Minett Mash-Up ass eng gemeinsam Initiativ vun der Minett UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI (Centre National de la Culture Industrielle) an dem MUAR (Musée vun der Aarbecht).
Déi komplett Shownotes vun dësem Episod, mat all de Links an Informatiounen, esou wéi all déi aner Minett Mash-Up Podcasts fannt dir op:
https://minett-biosphere.com/lu/projects/mmu-lu/
Followed eis op Instagram