Minett Mash-Up: De Podcast

Episod 45: Carlo Pallucca X Héichuewen B

Minett UNESCO Biosphere, CNCI & MUAR Season 5 Episode 45

Kontaktéiert eis

Och 2026 maache mer viru mam Minett Mash-Up, dem Wanderpodcast aus dem Minett. All Mount mat engem Invité a vun enger anerer Plaz.

An dësem Joer geet et an eise Gespréicher ëm d'Geschicht vun de Minnen, de Schmelzen an de Dagebaugebidder – an och ëm d'Transformatioun vum "Bassin Minier" an en UNESCO-Biosphärereservat. De roude Buedem vum Minett steet am Mëttelpunkt vun eisem industriellen Ierwen, a fir dësen Episod maache mir eng Zäitrees zréck an d'Joer 1997.

Wéi gewinnt gëtt dësen Episod realiséiert mat der Ënnerstëtzung vun eise Partner-Organisatiounen: dem Centre National de la Culture Industrielle (CNCI) an dem MUAR – Musée vun der Aarbecht.

D'Location vum Mount: Den Héichuewen B

Fir dësen Episod si mir am Restaurant SCHMELZ um Fouss vum Héichuewe B um Belval. Dës Plaz ass historesch: Hei gouf 1997 déi lescht Schicht am nach aktiven Héichuewe gefuer.

Haut gesäit et hei komplett anescht aus. Wou fréier d'Hëtzt vum geschmolten Eisen ze spiere war, kann een haut e Patt drénken oder e Maufel iessen. Laanscht d’Héichiewen, wou schwéier geschafft gouf, flanéieren haut Studenten, ginn et Butteker a wunne Leit. D'Transformatioun vum Belval ass e beandrockend Beispill dofir, wéi industriell Frichë kënne nei genotzt ginn – ouni hir Geschicht ze vergiessen.

Eisen Invité: Carlo Pallucca

Eisen Invité ass Carlo Pallucca – e Mann, deen d'Geschicht vum Minett net just aus Bicher kennt, mee selwer matgeschriwwen huet.

De Carlo war ee vun deenen Aarbechter, déi op der leschter Schicht vum Héichuewen B an der Schmelz vun der ARBED Belval am Joer 1997 geschafft hunn. Hien ass domat en Zäitzeie vun engem historesche Moment: dem Enn vun enger Ära, déi d'Lëtzebuerger Industrie iwwer Joerzéngte gepräägt huet.

Am Gespréich mat him goe mer op Froen a wéi:

  • Wéi huet en 'typesche Schaffdag' um Héichuewen B ausgesinn?
  • Wat waren déi gréissten Erausfuerderungen am Alldag?
  • Wéi huet d'Aarbecht um Héichuewen d'Mënsche kierperlech a mental beaflosst?
  • Wéi war et unzekucken, datt den Héichuewen C demontéiert gouf – an ze wëssen, datt ee beim Enn vun enger Epoch dobäi ass?

De Carlo deelt mat eis seng ganz perséinlech Erfarungen, Erënnerungen a Gefiller aus dëser Zäit. 

De Minett Mash-Up ass eng gemeinsam Initiativ vun der Minett UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI (Centre National de la Culture Industrielle) an dem MUAR (Musée vun der Aarbecht).

Déi komplett Shownotes vun dësem Episod, mat all de Links an Informatiounen, esou wéi all déi aner Minett Mash-Up Podcasts fannt dir op:
https://minett-biosphere.com/lu/projects/mmu-lu/

Followed eis op Instagram