Vero Discorso
Podcast vum Reuter Max an Ferrandini Yannick iwert aktuell Themen an der Gesellschaft.
Vero Discorso
Podcast: Vero Discorso S3 #04 (Chamberwahlen: Parteien)
Podcast vum Ferrandini Yannick an Reuter Max. An deser Episode schwetzen den Yannick an den Max iwert di 7 greisst Parteien aus Letzebuerg. Heibei machen mir eng Zesummenfassung an gin suwuel och eis Meenung
Dese Podcast baseiert ob enger langer Recherche iwert den verschidenen Parteien hieren Wahlprogramm! Och wann et sou sollt sin berouht an der Politik trotzdem net nemmen alles um Wahlprogramm mee och op den eenzelnen Politiker an wei sie sech presenteiren.
Froen wei: "Sin dei Leit an der Partei iwerhapt sou wei sie sech duerchstellen?" oder " Sin dei Politiker iwerhapt fäheg hieren Programm sou emzesetzen?" spillen och eng Roll.
Desst ass een Deel op den mir next Woch wearten agoen also lauschtert do nach eng Keier ran, well dat ass genau sou wichteg.
An desem Podcast gin mir eis Meenung ween mir geingen wielen baseirend op eisen Recherchen iwert den Wahlprogramm. ( Fannt raus ob dat sech d'next Woch iergendswei verännert huet) Jidereen ass frei seng Stemm deenen ze gin, dei fir een selwer richteg sin.
Eis Intentioun hannert desem Podcast ass, dass d'Leit sech sollen virum wielen informeieren fir rauszefannen mat wem een aligneiert.
Vill Spaß an losst eis gär een Kommentar do.