Froen zum Lycée
Zu Lëtzebuerg kréien iwwer 50.000 Schülerinnen a Schüler eng ganz divers ëffentlech Offer vu Lycéeën an internationale Schoulen ugebueden. „Froen zum Lycée“ ass e Podcast vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend, deen op Är Froen iwwer den ëffentlechen Enseignement secondaire äntwert!
Au Luxembourg, une offre publique diversifiée de lycées et d’écoles internationales est proposée à plus de 50 000 lycéens. « Froen zum Lycée » est un podcast du ministère de l’Éducation nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse qui répond à vos questions sur l’enseignement secondaire public !
Froen zum Lycée
#1 National oder international ëffentlech Schoul?
An der éischter Folleg vu Froen zum Lycée (op Lëtzebuergesch) stelle mir Iech déi ëffentlech Schouloffer vun de Lycéeën zu Lëtzebuerg vir an erklären Iech den Ënnerscheed tëscht den nationalen an den internationale Schoulprogrammer.
Zum Thema schwätzen des Experte vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend:
- Mike Engel vun der Maison de l’orientation;
- Joëlle Garavelli vum Service de l’enseignement secondaire;
- Robert Hendel vum Service des offres internationales et européennes.