Froen zum Lycée

#8 Wéi bereet een sech am beschten op d’Rentrée op der 7e vir?

edutalk Season 1 Episode 8

An dëser aachter Folleg (op Lëtzebuergesch) vun „Froen zum Lycée“ schwätze mir iwwer de Passage vum Fondamental an de Lycée, een Ament, dee souwuel fir d’Schüler ewéi och fir hir Elteren eng grouss Ännerung mat sech bréngt! Mat dësem Podcast wëlle mir Iech déi wichtegst Informatioune mat op de Wee ginn, fir datt de Wiessel an de Lycée esou gutt ewéi méiglech iwwer d’Bün geet! 

Zum Thema schwätzen des Experte vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend: 

  • d’Marie-Laure Lepage vum Service de l’enseignement secondaire
  • an d’Aurélie Nascimento vun der Maison de l’orientation.