Froen zum Lycée

#9 Säi Wee am Lycée fannen - Orientatiounsberodung am Maacher Lycée

edutalk Season 1 Episode 9

Use Left/Right to seek, Home/End to jump to start or end. Hold shift to jump forward or backward.

0:00 | 15:50

Zu Lëtzebuerg gëtt et an all Lycée eng COI, eng Cellule d’orientation et d’intégration scolaires, déi d’Schüler an hir Eltere beim Choix vun der Sektioun oder Ausbildung beréit. D’Aufgabe vun der COI sinn, d’schoulesch Situatioun vun engem Schüler ze analyséieren, en Avis zu senger Orientéierung ze ginn an hien dobäi ze ënnerstëtzen, wichteg schoulesch Entscheedungen ze treffen.

Fir erauszefannen, wéi eng Froen d’Conseillere vun der COI gestallt kréien, hu mir an dëser neier Episod vu „Froen zum Lycée“  d’CellO, d’Cellule d’orientation an d’intégration scolaires vum Maacher Lycée, besicht.