Loscht op Handwierk - Hannert dem Mikro
„Loscht op Handwierk – Hannert dem Mikro“ ass de Podcast, deen d'Leit hannert dem Handwierk an de Fokus setzt.
An all Episod léiere mir d'Mënsche kennen, déi hannert dem Handwierk stinn – mat hire perséinleche Geschichten, hirem Engagement a mat hirer Léift fir de Beruff.
Eng Initiativ vum Pilotprojet Loscht op Handwierk, ënnerstëtzt vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend a vun der Chambre des Métiers.
Loscht op Handwierk - Hannert dem Mikro
Episod 1 - Charly Krau, Schräiner
Use Left/Right to seek, Home/End to jump to start or end. Hold shift to jump forward or backward.
An dëser éischter Episod vu Loscht op Handwierk stelle mir iech de Charly Krau vir. Hien ass Schräinermeeschter a féiert zënter fënnef Joer säin eegene Betrib zu Lëtzebuerg.
De Charly erzielt, wéi seng Leidenschaft fir d’ Handwierk schonn an der Kandheet entstanen ass a firwat de Beruff vum Schräiner fir hie vill méi ass wéi nëmmen Holz ze verschaffen.