Loscht op Handwierk - Hannert dem Mikro
„Loscht op Handwierk – Hannert dem Mikro“ ass de Podcast, deen d'Leit hannert dem Handwierk an de Fokus setzt.
An all Episod léiere mir d'Mënsche kennen, déi hannert dem Handwierk stinn – mat hire perséinleche Geschichten, hirem Engagement a mat hirer Léift fir de Beruff.
Eng Initiativ vum Pilotprojet Loscht op Handwierk, ënnerstëtzt vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend a vun der Chambre des Métiers.
Loscht op Handwierk - Hannert dem Mikro
Episod 2 - Remy Peters, Bäcker-Pâtissier
Use Left/Right to seek, Home/End to jump to start or end. Hold shift to jump forward or backward.
An dëser zweeter Episod vu Loscht op Handwierk léiere mir de Remy Peters kennen. Als Bäcker-Pâtissier féiert hien zu Waasserbëlleg zesumme mat senger Fra hir eege Bäckerei.
De Remy war schonn ëmmer kreativ an huet sech fréi fir d’ Handwierk begeeschtert. Duerch ee prägende Stage huet hie scho mat 14 Joer erkannt, datt de Wee vum Bäcker genee dee richtege fir hien ass.