Loscht op Handwierk - Hannert dem Mikro
„Loscht op Handwierk – Hannert dem Mikro“ ass de Podcast, deen d'Leit hannert dem Handwierk an de Fokus setzt.
An all Episod léiere mir d'Mënsche kennen, déi hannert dem Handwierk stinn – mat hire perséinleche Geschichten, hirem Engagement a mat hirer Léift fir de Beruff.
Eng Initiativ vum Pilotprojet Loscht op Handwierk, ënnerstëtzt vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend a vun der Chambre des Métiers.
Loscht op Handwierk - Hannert dem Mikro
Episod 4 - Mathias Treinen, Mécatronicien
Use Left/Right to seek, Home/End to jump to start or end. Hold shift to jump forward or backward.
An dëser Episod vu Loscht op Handwierk stelle mir iech de Mathias Treinen vir. Hien ass Mécatronicien a schafft zënter dräi Joer bei Merbag SA.
De Mathias huet verschidde Studien ausprobéiert, mee séier gemierkt, datt dëse Wee net bei hie passt. Dofir huet hien sech am Handwierk ëmorientéiert an ass senger Leidenschaft fir Autoen a Motoen nogaangen. Haut gehéiert hien zu deene Glécklechen, déi hiren Hobby och zum Beruff gemaach hunn.
.