Startup Corner
„Startup Corner“, de Lëtzebuerger Podcast iwwer Startups an Innovatioun zu Lëtzebuerg, präsentéiert vum House of Startups a vun der Chambre de Commerce an dem Educatiounsministère. Emol de Mount schwätze mir mat Grënner, Business Angels an Experten aus der Innovatioun iwwert wat si bis elo erreecht hunn a wou si nach hi wëllen. Loosst Iech vun deene leschten Neiegkeeten an Trends aus der digitaler Welt inspiréieren. Dir hutt Froen un eis Gäscht oder Feedback fir eis? Da mellt Iech bei eis op podcast@host.lu. Wann Dir generell méi Informatiounen iwwert de Startup Ekosystem hei am Land wëllt gewuer ginn, da liked d’House of Startups op eise soziale Medien (Facebook, Instagram, Twitter a Linkedin). Lauschtert all eis Episoden op Spotify, Apple a Google Podcast oder hei.
Startup Corner
Startup Corner - Pit Zens - Klin
March 18, 2021
•
House of Startups Luxembourg
•
Season 1
•
Episode 5
Back to the roots mat eiser 5. Episod vum Startup Corner!
Mer hunn de Grënner vun der Startup "Klin", de Pit Zens, ageluede fir dass hien eis erkläre kann wéi hien de Botz Secteur revolutionéiere wëll. Déi meeschte Startups probéieren oft méi digital oder méi ëmweltfrëndlech ze sinn mee bei Klin ginn d’Digitalisatioun an d’Sustainibilty gläichzäiteg ganz grouss geschriwwen. Des weidere gi mer gewuer wéi de Pit iwwerhaapt zum Startup Ekosystem fonnt huet.