10 doigts - 10 droits

Geschichten iwwert déi 10 Rechter

joan.weber@men.lu

Use Left/Right to seek, Home/End to jump to start or end. Hold shift to jump forward or backward.

0:00 | 7:27

Lauschtert an entdeckt zesumme mat Ärem Kand d’Kuerzgeschichte ronderëm Kannerrechter.

Taucht an eng Welt an, wou Déieren hir Aventuren erzielen.

Des Lauschtergeschichten si fir Kanner vun 0 bis 4 Joer entwéckelt ginn a
lueden zu gemeinsame Momenter an, wärend si och schonn deene Jéngste
wichteg Wäerter vermëttelen.

Charlotte Reuter, alias Potty Lotty, gëtt mat senger Stëmm all Personnage eng eegen Identitéit.De Jingel um Enn vun all Episod ass vun UNICEF konzipéiert. 

Erweidert dëst auditiv Erliefnis mat dem Fangerpoppe-Spill an Ärem Eltereforum (eltereforum.lu).

Méi Informatiounen op enfancejeunesse.lu.

Speaker

RECHT SOU ZE SI WÉI ECH SINN Poli Päerd HÜÜÜHHH! Moie Kanner, ech sinn de Poli, a wësst dir wat? Ech sinn e Päerd, HÜHH, awer net iergendee Päerd: ech sinn d'Recht sou ze si wéi ech sinn! Kuckt, ech si ganz rosa a gréng etëppelt. Och du bass eenzegaarteg, an dat ass och gutt esou! HÜHH!

Speaker

't ass mäi Recht, 't ass däi Recht, 't sinn d'Rechter vum Kand!

Speaker

RECHT DATT EEN SECH GUTT ËM MECH KËMMERT Pinpon Pinguin KNOUT, KNOUT! Moie Kanner, ech sinn de Pinpon, a wësst dir wat? Ech sinn e Pinguin, KNOUT, KNOUT, awer net iergendee Pinguin: ech sinn d'Recht datt een sech gutt ëm mech këmmert. Och du hues dat Recht, egal wous du bass, et ass ëmmer ee fir dech do, KNOUT, KNOUT.

Speaker

't ass mäi Recht, 't ass däi Recht, 't sinn d'Rechter vum Kand! RECHT OP WËSSEN Filou Fuuss FFFFFFF...FFFF..FFF...! Moie Kanner, ech sinn de Filou FFFF...FFFF...FIRWAT! A wësst dir wat? Ech sinn e Fuuss, FIRWAT! Awer net iergendee Fuuss: ech sinn d'Recht op Wëssen. Esou wéi s du, wëll ech alles verstoen a wëssen. Firwat kënne Villercher fléien? Firwat kënne Fësch schwammen? FIRWAAAT?

Speaker

't ass mäi Recht, 't ass däi Recht, 't sinn d'Rechter vum Kand! RECHT GEHÉIERT ZE GINN Pino Panda PSST! Moie Kanner, ech sinn de Pino, a wësst dir wat? Ech sinn e Panda, PSST, awer net iergendee Panda: ech sinn d'Recht gehéiert ze ginn. Och wann ech ganz lues schwätzen, ass et wichteg datt ee mir nolauschtert, well meng Stëmm zielt! Och du hues dat Recht, PSST!

Speaker

Speaker

't ass mäi Recht, 't ass däi Recht, 't sinn d'Rechter vum Kand! RECHT OP GESONDHEET Hoppla Hues AUAAA! Moie Kanner, ech si den Hoppla, a wësst dir wat? Ech sinn en Hues. AUAAA, awer net iergendeen Hues: ech sinn d'Recht op Gesondheet. Och du hues dat Recht. Wann s du dir wéi gedoen hues, gëss du getréischt a gepfleegt, villäicht mat enger Plooschter. AUAAA!

Speaker

't ass mäi Recht, 't ass däi Recht, 't sinn d'Rechter vum Kand! RECHT OP ENG PROPPER ËMWELT Fadi Fräsch QUAAK, QUAAK! Moie Kanner, ech sinn d’Fadi, a wësst dir wat? Ech sinn e Fräsch, QUAAK, awer net iergendee Fräsch: ech sinn d'Recht op eng propper Ëmwelt. QUAAK, wat ass dat do? O nee, am Bësch, am Séi an op der Spillplatz, soll keen Dreck leien, mee an der Poubelle! QUAAK!

Speaker

't ass mäi Recht, 't ass däi Recht, 't sinn d'Rechter vum Kand! RECHT OP SCHUTZ Ditti Deckelsmouk PLOPP! Moie Kanner, ech sinn d’Ditti, a wësst dir wat? Ech sinn eng Deckelsmouk, PLOPP, awer net iergendeng Deckelsmouk: ech sinn d’Recht op Schutz. Och du hues dat Recht, keen dierf béis mat dir sinn. A wann een net léif mat dir ass, da gëss du beschützt. PLOPP!

Speaker

't ass mäi Recht, 't ass däi Recht, 't sinn d'Rechter vum Kand! RECHT OP SPILL AN OCH OP ROU Olivia Oktopus SCHMATZ, SCHMATZ! Moie Kanner, ech sinn d’Olivia, a wësst dir wat? Ech sinn en Oktopus, SCHMATZ, SCHMATZ, awer net iergendeen Oktopus: ech sinn d'Recht op Spill an och op Rou! Och du hues dat Recht, du kanns liesen, spillen, mee och einfach näischt maache wann s du Loscht dorop hues. SCHMATZ, SCHMATZ!

Speaker

't ass mäi Recht, 't ass däi Recht, 't sinn d'Rechter vum Kand! RECHT OP MATMAACHEN Whoopi Woolef AWUUHHH! Moie Kanner, ech sinn de Whoopi, a wësst dir wat? Ech sinn e Wollef, AWUUH, awer net iergendee Wollef: ech sinn d'Recht op Matmaachen. A mengem Ruddel hunn ech d'Recht alles ze maache wéi déi aner och an et gëtt dofir gesuergt datt ech bei allem matmaache kann, wann ech dat wëll. Och du hues dat Recht. AWUUHHHH!

Speaker

't ass mäi Recht, 't ass däi Recht, 't sinn d'Rechter vum Kand! RECHT OP HËLLEF Mila Maulef GRRP, GRRP! Moie Kanner, ech si d’Mila, a wësst dir wat? Ech sinn e Maulef, GRRP, GRRP, awer net iergendee Maulef: ech sinn d'Recht op Hëllef. Wann de Buedem staark wackelt, da kennt ee mech retten. Och du hues d'Recht gerett ze ginn, wann s du Hëllef brauchs. GRRP, GRRP!

Speaker

't ass mäi Recht, 't ass däi Recht, 't sinn d'Rechter vum Kand!