Zréck Zu Dir Podcast
🌿 Zréck Zu Dir Podcast
Authentesch. Éierlech. Heelsam.
Ech schafen e séchere Raum fir déif Gespréicher iwwert d'Liewen, Bewosstsinn an d’Verbindung zu eis selwer, aneren an der Natur. Hei geet et ëm Wuesstem, Déift an Heelung. Mat Häerz a mat Oppenheet.
All Episode ass eng Invitatioun, dech erëm mat denger eegener Wourecht ze verbannen, deng Stëmm ze fannen an deng Perspektiv ze erweideren.
🎧 Fir Mënschen, déi no Éierlechkeet, Authentizitéit a spiritueller Déift sichen.
Sou vill Léift no Baussen. 💫
 — Däi Bonnie 🌸
Zréck Zu Dir Podcast
#011 - La symptothermie (Interview mam Sara De Oliveira)
Haut hunn ech erem d'Sara De Oliveira am Interview an haut schwätze maer ganz spezifesch iwert d'Symptothermie. D'Symptothermie ass eng Technik déi eemol als Contraceptioun déngt an op daer anerer Seit awer och ennerstetzend ass beim Wonsch Kanner ze kréien. 
Alles weideres ges du am Interview gewuer :)
Fill dech ganz vill inspiréiert.
Fals du d'Sara wells kontaktéieren mach dat gären ennert dem +352 691 957 221 oder du fenns hat op Instagram ennert Nature_en_toi (Sara De Oliveira). Mat him kanns de ee Suivi starten vir ganz genau d'Symptothermie Technik ze léieren. An an Zukunft bidd hat nach ganz vill schéin Sachen un :)
In Love & Light
Bonnie