Zréck Zu Dir Podcast
🌿 Zréck Zu Dir Podcast
Authentesch. Éierlech. Heelsam.
Ech schafen e séchere Raum fir déif Gespréicher iwwert d'Liewen, Bewosstsinn an d’Verbindung zu eis selwer, aneren an der Natur. Hei geet et ëm Wuesstem, Déift an Heelung. Mat Häerz a mat Oppenheet.
All Episode ass eng Invitatioun, dech erëm mat denger eegener Wourecht ze verbannen, deng Stëmm ze fannen an deng Perspektiv ze erweideren.
🎧 Fir Mënschen, déi no Éierlechkeet, Authentizitéit a spiritueller Déift sichen.
Sou vill Léift no Baussen. 💫
— Däi Bonnie 🌸
Episodes
51 episodes
#041 - Tëscht de Beem zréck zu Dir (Interview mam Catalina)
Haut hunn ech d'Catalina Kirsch bei mir am Podcast an eise Studio befennt sech matten am Bësch. Eng immens heelend an entspanend Kuliss. D'Catalina zielt eis wéi de Bëscht eis zu eis selwer bréngt a wéi mir Stéck vir Stéck méi an d'Verbindung z...
#040 - Wee bass du wann sech alles verännert? (Interview mam Nena)
Haut hunn ech d’Nena bei mir am Podcast an hat zielt seng ganz perséinlech Geschicht.Wéi schnell sech am Liewen alles ka veränneren a naischt méi bleiwt wéi et war.D’Nena huet ee Schlach hannert sech, huet een Deel vu seng...
#039 - Deng kloër Entscheedung verännert alles
Elo ass et u mir mech erem mol AUSzeschwätzen :)Meng lescht Méint waren herausfuerdernd an ech hu missten Entscheedungen treffen. An dat einfach zackeg a schnell. Net ze lang iwwerleen mee handelen a vir eppes lass goen.An dëser...
#038 - Zréck an de Kierper & an d'Vertrauen (Interview mam Sandy)
An dëser Episode hunn ech d'Sandy Girotto bei mir am Podcast. D'Sandy ass d'Grënnerin vun Naturinstinkt a mir schwätzen iwwert d'Weisheet vum Kierper, iwwert d'Vertrauen, d'Naturverbonnenheet an doriwer wéivill Kraft ensteet wa mir leieren erem...
#037 - 7 Magic Tools vir turbulent Zeiten
Ech hat jo eng kuez Podcastpaus well et a mengem Liewen bessi gestiermt huet. All Stuerm ass vir mech a leed mech a meng hëchste Versioun vu mir selwer. Ech gi gaere voll vir mech lass an Herrausfuerderungen ennerstetzen eis an eis Stärkt ze ko...
#036 - Iwwer Spiritualitéit, d'Liewen & sech selwer fannen (Interview mam Gilles Stahl)
Haut hunn ech de Gilles Stahl bei mir am Zréck zu Dir Podcast.De Gilles huet schnell gemierkt, dass hien méi wéi aner Menschen wouer hellt an, dass do méi ass wéi nemmen dat wat mir mat eisen Aan gesinn. Hien erzielt sai Parcours an wéi...
#035 - Am Chaos & Wandel - Hal dech selwer (Medi)
Turbulent & transformatif Zeiten. Net nemme bei mir mee ech gesin bei ganz ville Léit vill Wandel. Genau dowéinst ass dës Folg kuez a knapp an ee Moment vir eis Kraft, eis selwer ze spieren. Wa mir emmer kléng Momenter vir eis huelen an eis...
#034 - Mech net verléieren an da Léift
Mech net verléieren an da LéiftD'Verbindung zu sech selwer halen och wann een aner Menschen ganz vill gären huet. Verbindung zu sech selwer halen a verbonne sinn mat dengem Geigeniwer. Ech quatschen an dëser Episode bessi iwwert al Must...
#033 - Ech hu mech VIR d'Liewen entscheed (Interview mam Yannick)
An dëser Episode hunn ech de Yannick Gaspar als Gascht am Zréck zu Dir Podcast a mir schwätzen iwwert ee wichtegt Thema - Suizid.De Yannick deelt seng perséinlech Geschicht vun déiwem Schmerz, ennere Kämpf an vun deene Momenter wou hien...
#032 - Virwat mir eis verléieren - A wéi Achtsamkeet eis zréck Heem feiert (Interview mam Nathalie Krier)
Haut hunn ech d'Nathalie Krier am Gespréich a mir schwätzen doriwwer wéi mir méi déif a Verbindung mat eis selwer kenne kommen. Mir si gewinnt ze Rennen, ze Funktionéieren, ze Optiméieren an mir fillen eis getrennt. Oofgetrennt vun aisem Kierpe...
#031 - Vun Trauma, Angscht & Panikattacken (Interview mam Xenia)
An dëser Episode hunn ech d’Xénia bei mir am Zréck zu Dir Podcast. Hat zielt ais vu sengem Trauma an d’Auswierkungen dorober. Wéi et verzweifelt géint seng Panikattacke gekämpft huet an sech emmer méi aus dem Liewen zréckgezunn huet.Wat...
#030 - Liebessprochen an Familjen & am Alldag (Interview mam Fabienne)
An dëser Episode hunn ech d'Fabienne Weber am Gespréich. Mir schwätzen iwwert d'Liebessprochen a wéi dës aist Familjeliewen, ais Partnerschaften an aisen Alldag beaflossen. D'Fabienne ass Joffer & Familiencoach a begleed Familj...
#029 - De Wee aus da Häuslecher Gewalt (Interview mam Isabelle)
TriggeralarmDës Episode kann bereieren an eppes ausleisen. D'Isabelle erzielt vu senger Zeit wou et gefange war an den eegene 4 Wänn. Am permanenten Alarmzoustand an an da Angscht déi nächst Schlei ze kréien. Gewalt am Alldag. Gewalt al...
Bonnie‘s Magic Moments - Wiel Vertrauen
Bonnie’s Magic Moments ass dai Raum vir Wonner ✨Dai Raum vir dech & mech.Ee Moment Verbindung.Erënneren.Ech deelen hei mat dir kuerz Impulser, Ding Dongs, Gebieder, Affirmatiounen an alles wat an d’Welt well.Klén...
#028 - Dai Moien ass ee Portal - Wéis du bewosst an dain Dag starts
An dëser Episode huelen ech dech mat a mai Moien :)Wéi mir aisen Dag starten entscheed wéi mir en erliewen.De Moien ass en Iwwergangsraum, tëscht Dram a Realitéit, tëscht Ennerbewosstsinn an Alldag.An dëser Episode schwä...
#027 - Entdeck däin ënnere Schatz
Dech gëtt et nemmen eemol genau sou wéi mir hei sinn. An du dréis eng eenzegarteg Medizin an dir. Deng ganz eegen Medizin. Ech sinn iwwerzeegt, dass all Mensch seng eegen Medizin dréit an d'Welt huet se esou neideg.Wanns du mat dir an denge...