Zréck Zu Dir Podcast
🌿 Zréck Zu Dir Podcast
Authentesch. Éierlech. Heelsam.
Ech schafen e séchere Raum fir déif Gespréicher iwwert d'Liewen, Bewosstsinn an d’Verbindung zu eis selwer, aneren an der Natur. Hei geet et ëm Wuesstem, Déift an Heelung. Mat Häerz a mat Oppenheet.
All Episode ass eng Invitatioun, dech erëm mat denger eegener Wourecht ze verbannen, deng Stëmm ze fannen an deng Perspektiv ze erweideren.
🎧 Fir Mënschen, déi no Éierlechkeet, Authentizitéit a spiritueller Déift sichen.
Sou vill Léift no Baussen. 💫
— Däi Bonnie 🌸
Zréck Zu Dir Podcast
#012 - Liewen mat Endometriose (Interview mam Jennie)
Haut hunn ech d'Jennie am Interview. D'Jennie ass Life Enpowerment Coach an et begleed Menschen, Séilen wéi hat seet, op hierem Wee emmer méi zou sech selwer. D'Jennie ass betraff vun da Endometriose an doriwer dréint sech dann och des Podcast Episode. Hat gett ais en Abléck an d'Diagnos Endometriose an wéi sain Alldag ausgeseit. Wéi beaflosst d'Endometriose séng Bezeihungen, séng Partnerschaft, séng Roll als Mama an séng Bezeihung zu sech selwer.
Ech soen dem Jennie ee grousse Merci vir d'Deelen vun sénger Geschicht. Vir dat Vertrauen an deen déiwen Abléck a sai Liewen an sai Feld. Enorm beréiert sinn ech an dankbar.
Wanns du dech beim Jennie wells mellen kanns du hat um Instagram fannen ennert @natural_souls_doula
In Love & Light
Bonnie