Zréck Zu Dir Podcast
🌿 Zréck Zu Dir Podcast
Authentesch. Éierlech. Heelsam.
Ech schafen e séchere Raum fir déif Gespréicher iwwert d'Liewen, Bewosstsinn an d’Verbindung zu eis selwer, aneren an der Natur. Hei geet et ëm Wuesstem, Déift an Heelung. Mat Häerz a mat Oppenheet.
All Episode ass eng Invitatioun, dech erëm mat denger eegener Wourecht ze verbannen, deng Stëmm ze fannen an deng Perspektiv ze erweideren.
🎧 Fir Mënschen, déi no Éierlechkeet, Authentizitéit a spiritueller Déift sichen.
Sou vill Léift no Baussen. 💫
 — Däi Bonnie 🌸
Zréck Zu Dir Podcast
#013 - PMA & Reebouschwangerschaft (Interview mam Jennie)
Haut hunn ech erem d'Jennie am Interview an des Kéier ass d'Thema PMA (Kënschtlech Befruchtung) & Reebouschwangerschaft. Ganz grouss Tabuthemen an aiser Gesellschaft nach an dovir extrem dankbar iwert déi Oppenheet a Vertrautheet déi maer am Gespréich hunn. Erem soen ech main Merci un d'Jennie vir sain Deelen vun sénger ganz privater Geschicht, sai ganze Parcours an da Kënschtlecher Befruchtung an sain Verloscht vun séngem Bébé an wéi et ass duerno awer erem schwanger ze sinn an ee gesond Meedchen op d'Welt ze bréngen. Sou een déiwen Abléck an déi ganz Trauerthematik an déi Ängscht déi an engem sinn wann een no engem Verloscht erem schwanger ass. Deep Talk. Sou ee grousse Merci.
Mell dech beim Jennie wanns du de Besoin hues. Du fenns hat um Instagram ennert @natural_souls_doula
In Love & Light
Bonnie