
Primula House Podcast
De Primula House Podcast ass dai Podcast vir déng Gesondheet. Dai Podcast vir an déng Kraft zekommen. Dai Podcast vir an d'Verbindung mat daer selwer zekommen an dénger Emwelt an aiser wonnerschéiner Natur 🌸 Maer beschwätzen ais Themen, ais Ängscht, ais Symptomer, ob allen Ebenen. Maer schwätzen iwert Planzen & Kréider & ais Ernährung 🌱 Wéi komme maer emmer méi an ais Kraft? Emmer méi an ais Gesondheet? Emmer méi op aisen authentesche Wee? ✨️
Primula House Podcast ass déng Begleedung an déngem Selbstfindungsprozess 🌻
Du inspiréiers mech an ech inspiréieren dech 💕
Bonnie 💖
Primula House Podcast 🌱
Primula House Podcast
#013 - PMA & Reebouschwangerschaft (Interview mam Jennie)
Haut hunn ech erem d'Jennie am Interview an des Kéier ass d'Thema PMA (Kënschtlech Befruchtung) & Reebouschwangerschaft. Ganz grouss Tabuthemen an aiser Gesellschaft nach an dovir extrem dankbar iwert déi Oppenheet a Vertrautheet déi maer am Gespréich hunn. Erem soen ech main Merci un d'Jennie vir sain Deelen vun sénger ganz privater Geschicht, sai ganze Parcours an da Kënschtlecher Befruchtung an sain Verloscht vun séngem Bébé an wéi et ass duerno awer erem schwanger ze sinn an ee gesond Meedchen op d'Welt ze bréngen. Sou een déiwen Abléck an déi ganz Trauerthematik an déi Ängscht déi an engem sinn wann een no engem Verloscht erem schwanger ass. Deep Talk. Sou ee grousse Merci.
Mell dech beim Jennie wanns du de Besoin hues. Du fenns hat um Instagram ennert @natural_souls_doula
In Love & Light
Bonnie