Zréck Zu Dir Podcast
🌿 Zréck Zu Dir Podcast
Authentesch. Éierlech. Heelsam.
Ech schafen e séchere Raum fir déif Gespréicher iwwert d'Liewen, Bewosstsinn an d’Verbindung zu eis selwer, aneren an der Natur. Hei geet et ëm Wuesstem, Déift an Heelung. Mat Häerz a mat Oppenheet.
All Episode ass eng Invitatioun, dech erëm mat denger eegener Wourecht ze verbannen, deng Stëmm ze fannen an deng Perspektiv ze erweideren.
🎧 Fir Mënschen, déi no Éierlechkeet, Authentizitéit a spiritueller Déift sichen.
Sou vill Léift no Baussen. 💫
 — Däi Bonnie 🌸
Zréck Zu Dir Podcast
#014 - Kraftvoll Fra & Mama sinn (Interview mam Sarah Holtgen)
Haut hunn ech d'Sarah am Interview an d'Sarah ass Mama an Doula an begleed d'Fraen an all de Phasen. 
Maer schwätzen iwert d'Schwangerschaft, Gebuert an alles wat an enger Mama sou virgeet während deser Phase. Vill Drock vu baussen an esou vill Informatiounen sinn zeitweis iwerstimuléierend an et huet een d'Gefill wéi wann een net Meeschter iwert alles ka ginn. Eng Doula ass do vir ze begleeden, ze ennerstetzen an eng Mama ze halen. Eng stark schützend Begleedung. 
D'Sarah kanns du fannen op Instagram ennert @sarah.the_gentle_doula
Hat bid och schéi Kreeser vir Fraen an all Phase an vill verschidden Themen.
Bass du op da Sich no natierlech ennerstetzenden Compléments alimentaires, tisanes etc da kanns du dech ganz gären bei contact@primulahouse.com mellen an dech mat méngem Papp dem Benoît ennerhalen. 
Ganz vill Inspiratioun.
Dai Bonnie