Zréck Zu Dir Podcast
🌿 Zréck Zu Dir Podcast
Authentesch. Éierlech. Heelsam.
Ech schafen e séchere Raum fir déif Gespréicher iwwert d'Liewen, Bewosstsinn an d’Verbindung zu eis selwer, aneren an der Natur. Hei geet et ëm Wuesstem, Déift an Heelung. Mat Häerz a mat Oppenheet.
All Episode ass eng Invitatioun, dech erëm mat denger eegener Wourecht ze verbannen, deng Stëmm ze fannen an deng Perspektiv ze erweideren.
🎧 Fir Mënschen, déi no Éierlechkeet, Authentizitéit a spiritueller Déift sichen.
Sou vill Léift no Baussen. 💫
— Däi Bonnie 🌸
Zréck Zu Dir Podcast
#021 - D'Léift ass an ais selwer ze fannen (Interview mam Yannick)
Haut schwätzen ech mam Yannick Gaspar iwert ais perséinlech Entwécklung. Ais individuell Perséinlechkeetsentwécklung.
Wat waren d'Momenter déi ais gerëselt hunn, déi ais erwächt hunn? Wat huet ais geholef zou ais zekommen a wat heleft ais aktuell? Wéi si maer dozou komm zu ais selwer a Verbindung ze kommen? Wéi fänken ech un no maer ze kucken? A virwat ass et wichteg iwerhaapt mol no Bannen ze kucken?
Iwert dat alles schwätzen ech mam Yannick.
Mell dech emmer vir Begleedung an Ennerstetzung :)
Vill Léift no Baussen.
Dai Bonnie