Zréck Zu Dir Podcast
🌿 Zréck Zu Dir Podcast
Authentesch. Éierlech. Heelsam.
Ech schafen e séchere Raum fir déif Gespréicher iwwert d'Liewen, Bewosstsinn an d’Verbindung zu eis selwer, aneren an der Natur. Hei geet et ëm Wuesstem, Déift an Heelung. Mat Häerz a mat Oppenheet.
All Episode ass eng Invitatioun, dech erëm mat denger eegener Wourecht ze verbannen, deng Stëmm ze fannen an deng Perspektiv ze erweideren.
🎧 Fir Mënschen, déi no Éierlechkeet, Authentizitéit a spiritueller Déift sichen.
Sou vill Léift no Baussen. 💫
— Däi Bonnie 🌸
Zréck Zu Dir Podcast
#022 - Tabuthema Stëllgebuert (Interview mam Méla & Joé)
An dëser Episode schwätzen ech mam Méla & mam Joé iwert de Verloscht vun hierem Jong de Fynn. Si erzielen hier Geschicht, iwert Schmerz, Trauer an ganz vill Léift. Hiere Mut vir weider ze machen an sech nei ze entdecken an ee Licht vir aner Betraffener ze sinn.
Wichteg Ulafstellen am Thema Deuil périnatal:
1. Stärekanner asbl
2. Eidel Ärm vun da Initiativ Liewensufank
3. Omega90
Dem Méla sai Kontakt op Instagram @mela_2290
Lauschter mat oppenem Haerzen.
Vill Léift no Baussen.
Dai Bonnie