Zréck Zu Dir Podcast
🌿 Zréck Zu Dir Podcast
Authentesch. Éierlech. Heelsam.
Ech schafen e séchere Raum fir déif Gespréicher iwwert d'Liewen, Bewosstsinn an d’Verbindung zu eis selwer, aneren an der Natur. Hei geet et ëm Wuesstem, Déift an Heelung. Mat Häerz a mat Oppenheet.
All Episode ass eng Invitatioun, dech erëm mat denger eegener Wourecht ze verbannen, deng Stëmm ze fannen an deng Perspektiv ze erweideren.
🎧 Fir Mënschen, déi no Éierlechkeet, Authentizitéit a spiritueller Déift sichen.
Sou vill Léift no Baussen. 💫
— Däi Bonnie 🌸
Zréck Zu Dir Podcast
#023 - Vun Alarm op Regulatioun (wéi geet et déngem Nervesystem?)
An dëser Episode schwätzen ech ebessi iwwert d'Nervesystem Regulatioun.
Vir mol an d'Bewosstsinn ze kommen an ze verstoen, dass aise Kierper eng Mémoire huet an ais kloer Signaler gëtt wat vir hien secher ass oder onsecher.
Vun all aisen vergangenen Erfahrungen huet aist Nervesystem eng Basis opgestallt wat secher an onsecher ass. An och wann dat vir aise Kapp verkéiert kléngt huet aist Nervesystem sain Bescht vir ais gemach. Well dat wat him wichteg ass, ass, dass mir iwerliewen.
Wa mir dovunner ausginn, dass Regulatioun nemmen méigeleg ass bei Co-Regulatioun, also, dass mir a Bezeihungen Regulatioun leieren ass Fakt dass vill vun ais net geleiert hunn mat hiere Gefiller ze setzen an de Kierper ze spieren vir an déi optimal Regulatioun ze kommen.
Vir also mol unzefänken sech lues a lues méi no mat sech selwer ze beschäftegen an an Verbindung zu sech selwer ze kommen ass als aller eischt déi neideg Info wichteg an sech bewosst dovir opzemachen.
Dës Episode gëtt dir ee kléngen Abléck an erlabt dir Bewosstsinn ze schafen :)
Ech bidden Begleedungen un vir zréck an d'Verbindung zu Dir. Mir schaffen zesummen op d'Nervesystem Regulatioun, Werte & Grenzen Opstellung an wéis du dech ganz wiels an ganz a Verbindung zu Dir kenns :)
Mat vill Léift.
Bonnie