Zréck Zu Dir Podcast
🌿 Zréck Zu Dir Podcast
Authentesch. Éierlech. Heelsam.
Ech schafen e séchere Raum fir déif Gespréicher iwwert d'Liewen, Bewosstsinn an d’Verbindung zu eis selwer, aneren an der Natur. Hei geet et ëm Wuesstem, Déift an Heelung. Mat Häerz a mat Oppenheet.
All Episode ass eng Invitatioun, dech erëm mat denger eegener Wourecht ze verbannen, deng Stëmm ze fannen an deng Perspektiv ze erweideren.
🎧 Fir Mënschen, déi no Éierlechkeet, Authentizitéit a spiritueller Déift sichen.
Sou vill Léift no Baussen. 💫
— Däi Bonnie 🌸
Zréck Zu Dir Podcast
#026 - Jubiläumsfolg 1 Joër Zréck zu Dir Podcast
Mir feieren 1 Joër Zréck zu Dir Podcast :)
1 Joër voller Geschichten, Verbindung, Heelung, Mut a Wuesstum.
Merci dass du hei bass an dëse Podcast lieweg mes.
Merci un all Mensch deen a méngem Raum séng Geschicht gedeelt huet. Deen sech ausgeschwat huet. Deen gedeelt huet.
Merci Merci Merci.
Main Haerz danzt an ech sinn erfëllt.
Ech wënsche mir vir dat nächst Joër dass dëse Raum weider wiist, nach méi déif, méi grouss & méi liichtvoll.
Mir ginn an dëser Episode d'Joër 2025 duech an machen ais op vir d'Wonner an 2026 ze empfänken.
Ech wënschen dir, dass dain Haerz grouss op ass an dass de all Wonner empfänks an erkenns an aus dir raus wiis.
Vill Léift vir dech.
An Happy New Year <3
Dai Bonnie