Zréck Zu Dir Podcast
🌿 Zréck Zu Dir Podcast
Authentesch. Éierlech. Heelsam.
Ech schafen e séchere Raum fir déif Gespréicher iwwert d'Liewen, Bewosstsinn an d’Verbindung zu eis selwer, aneren an der Natur. Hei geet et ëm Wuesstem, Déift an Heelung. Mat Häerz a mat Oppenheet.
All Episode ass eng Invitatioun, dech erëm mat denger eegener Wourecht ze verbannen, deng Stëmm ze fannen an deng Perspektiv ze erweideren.
🎧 Fir Mënschen, déi no Éierlechkeet, Authentizitéit a spiritueller Déift sichen.
Sou vill Léift no Baussen. 💫
— Däi Bonnie 🌸
Zréck Zu Dir Podcast
#029 - De Wee aus da Häuslecher Gewalt (Interview mam Isabelle)
Use Left/Right to seek, Home/End to jump to start or end. Hold shift to jump forward or backward.
Triggeralarm
Dës Episode kann bereieren an eppes ausleisen. D'Isabelle erzielt vu senger Zeit wou et gefange war an den eegene 4 Wänn. Am permanenten Alarmzoustand an an da Angscht déi nächst Schlei ze kréien. Gewalt am Alldag. Gewalt als Normalzoustand. D'Isabelle huet de Wee aus dëser Gewalt fonnt an huet een immense Mut op dësem Wee entwéckelt. Eng grouss Léift zum Liewen an zu sech selwer an ee grousse Perspektivewiessel huet dës wonnerbar Séil an sech selwer fonnt. Lauschter dës wertvoll a bereierend Episode mat oppenem Haerzen.
Bass du Affer oder Täter? Helef ass dobaussen. Vernetzung existéiert.
Häuslech Gewalt ass esou ee grousst Tabuthema an et gëtt sou oft verharmlost oder erofgespillt. Ech soen hart STOP.
Hei ass dem Isabelle sain Instagram Kontakt @isabellelanners. Sai Buch "Hinter verschlossenen Türen" fenns de op Amazon https://amzn.eu/d/6hhsl1A
Aner Ulafstellen fenns du op dëser Lëscht déi um Site www.violence.lu stinn,
https://violence.lu/liste-des-contacts/
Looss ais d'Aan grouss opmachen, aise Mond & aist Haerz.
Merci du wonnerbart Isabelle vir dai Mut, deng Wourecht an deng Hoffnung.
Wanns du betraff bass, du bass wichteg, esou wichteg! Et existéiert een anere Wee an et ass esou vill Léift vir dech do.
Décke Kuss nobaussen an eng immens grouss Léift.
Dai Bonnie