Zréck Zu Dir Podcast
🌿 Zréck Zu Dir Podcast
Authentesch. Éierlech. Heelsam.
Ech schafen e séchere Raum fir déif Gespréicher iwwert d'Liewen, Bewosstsinn an d’Verbindung zu eis selwer, aneren an der Natur. Hei geet et ëm Wuesstem, Déift an Heelung. Mat Häerz a mat Oppenheet.
All Episode ass eng Invitatioun, dech erëm mat denger eegener Wourecht ze verbannen, deng Stëmm ze fannen an deng Perspektiv ze erweideren.
🎧 Fir Mënschen, déi no Éierlechkeet, Authentizitéit a spiritueller Déift sichen.
Sou vill Léift no Baussen. 💫
— Däi Bonnie 🌸
Zréck Zu Dir Podcast
#030 - Liebessprochen an Familjen & am Alldag (Interview mam Fabienne)
Use Left/Right to seek, Home/End to jump to start or end. Hold shift to jump forward or backward.
An dëser Episode hunn ech d'Fabienne Weber am Gespréich. Mir schwätzen iwwert d'Liebessprochen a wéi dës aist Familjeliewen, ais Partnerschaften an aisen Alldag beaflossen.
D'Fabienne ass Joffer & Familiencoach a begleed Familjen zréck an d'Verbindung.
Dorëms geet et an d'Verbindung ze goen an genau nozelauschteren. Ais selwer an aisem Geigeniwwer.
Dem Fabienne sai Kontakt fënns du op Instagram @fabienne_weber_familiencoach
Seng Webseit www.fabienneweber.de
D'Buch iwwert déi 5 Liebessprochen dat d'Fabienne ernimmt huet ass,
Die 5 Sprachen der Liebe vum Gary Chapman
Kenns du deng Liebessproch?
Wann net da lauschter hei ran. A wann Jo da lauschter awer well du hells secher Wertvolles mat :)
Ganz vill Léift & Magie vir dech.
Dai Bonnie