Zréck Zu Dir Podcast
🌿 Zréck Zu Dir Podcast
Authentesch. Éierlech. Heelsam.
Ech schafen e séchere Raum fir déif Gespréicher iwwert d'Liewen, Bewosstsinn an d’Verbindung zu eis selwer, aneren an der Natur. Hei geet et ëm Wuesstem, Déift an Heelung. Mat Häerz a mat Oppenheet.
All Episode ass eng Invitatioun, dech erëm mat denger eegener Wourecht ze verbannen, deng Stëmm ze fannen an deng Perspektiv ze erweideren.
🎧 Fir Mënschen, déi no Éierlechkeet, Authentizitéit a spiritueller Déift sichen.
Sou vill Léift no Baussen. 💫
— Däi Bonnie 🌸
Zréck Zu Dir Podcast
#031 - Vun Trauma, Angscht & Panikattacken (Interview mam Xenia)
Use Left/Right to seek, Home/End to jump to start or end. Hold shift to jump forward or backward.
An dëser Episode hunn ech d’Xénia bei mir am Zréck zu Dir Podcast. Hat zielt ais vu sengem Trauma an d’Auswierkungen dorober. Wéi et verzweifelt géint seng Panikattacke gekämpft huet an sech emmer méi aus dem Liewen zréckgezunn huet.
Wat war den Dréipunkt wou d’Xénia Stop gesot huet?
Wéi geseit sain Heelungswee aus?
Wéi geet et haut mat Herausfuerderungen em?
Mir schwätzen iwwert Hoffnung, Heelung a wéi ee Stéck vir Stéck an seng Kraft ka kommen.
A senger ganzer Kraft huet d'Xénia och sain eegene Podcast gegrënnt a schwätzt iwwert genau esou Themen. Lauschter onbedéngt mol bei him eran. Sai Podcast heescht "Ee Raum fir dech" by Xénia XJB. Lauschter op Spotify. A fann hat op Instagram ennert @xenia_xjb
Merci du wonnerbart Xénia vir dëst wertvollt Gespréich.
Lauschter wéi emmer op Spotify & op Apple Podcast.
Ganz vill Léift a Magie
Dai Bonnie